Wéi et schéngt, war am Mäerz e “Zombie Response Team” op der Schwedescher Grenz ugehale ginn.

Vill Leit schéngen dat Gefill ze hunn, datt d’Coronavirus-Pandemie en Zeeche fir d’Enn vun der Welt, wéi mir se kennen, ass. Mä kann een dat wierklech mat enger Post-Apokalyptescher Zombie-Welt vergläichen?

D’Zombie Apokalypse ass zanter dräi Joer am Gaangen. De gréissten Deel vun der Mënschheet ass dout, an déi puer Iwwerliewend probéieren esou gutt et geet, d’Zivilisatioun um goen ze halen. Kee Vaccin a kee Medikament ass bis elo fonnt ginn, wéi ee Mann, de Murphy, en egoisteschen a feige Prisonéier, entdeckt gëtt, deen allem Uschäin no immun ass.

E kléngt d'Team soll de Murphy vu New York bis a Kalifornien bréngen, wou se an deem leschten nach existente Labo kéinten en Heelmëttel entwéckelen.

“Z Nation” ass eng kanadesch Serie, wat heescht, dat se vill méi e klenge Budget huet, wéi änlech amerikanesch Produktiounen. Mä trotzdeem, datt se méi bëlleg ass, an och esou ausgesäit, bréngt d’Serie et awer fäerdeg, interessant ze sinn, an dat, well d’Zombien anescht sinn, wéi gewinnt. Si lafen a beweege sech immens séier a hunn eng gewëssen Intelligenz, wat méi Action a Spannung matsechbréngt.

Ausserdeem hëlt d’Serie sech net all ze Eescht, well am Plaz vun Helden, déi trotz den Ëmstänn onbedéngt wëllen un hirer “Mënschlechkeet” festhalen, geet et hei ëm normal Leit, déi iwwerliewen, net wëll se “gutt” sinn an et verdéngt hunn, mä well se alles maachen, egal wéi schlëmm, fir z'iwwerliewen.

Z Nation ass disponibel op Netflix.

D'Deeler aus "Zombie Shows"

D'Deeler aus "Science Fiction Serien"

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"