Zombie Shows (5)Santa Clarita Diet (Netflix)

RTL Lëtzebuerg
Wéi et schéngt, war am Mäerz e “Zombie Response Team” op der Schwedescher Grenz ugehale ginn.

Vill Leit schéngen dat Gefill ze hunn, datt d’Coronavirus-Pandemie en Zeeche fir d’Enn vun der Welt, wéi mir se kennen, ass. Mä kann een dat wierklech mat enger Post-Apokalyptescher Zombie-Welt vergläichen?

D’Sheila an den Joel Hammond sinn Immobilienagenten zu Santa Clarita, wéi d’Sheila sech op eemol verännert. No enger ganz schlëmmer Mogripp ka se hiert eegent Häerz net méi héiere schloen. Mä se fillt sech esou gutt, wéi scho laang net méi. An duerfir wëll och se net bei den Dokter goen.

Wéi de Joel awer insistéiert, datt se mussen erausfannen, wat si huet, bréngt hiert d’Meedchen Abby se bei de Nopeschjong, Eric. Deen ass an d’Abby verléift a fënnt no e puer Froen un d’Sheila eraus, dat hat en Zombie ass. D’Sheila, trotzdeem se doudeg ass, huet sech nach ni esou lieweg gespiert a wëlleg ameséieren.

Nodeems se mat Frëndinnen erausgeet, kennt e Beruffskolleeg bis bei se Heem an harceléiert se sexuell. Aus Roserei – a wëll se hongreg ass – ësst d’Sheila hien. Domat ännert sech d’Liewe vun der Famill natierlech komplett, an d’Fro “wat soll ech kachen?” kritt eng ganz aner Dimensioun.

“Santa Clarita Diet” ass breet Komedie mat Zombien. Manner eng Horrorstory, wéi Slapstick, kéint een d’Serie als Parodie op d’Liewen am amerikanesche Viruert gesinn, mä dofir ass se net subtil genuch. U sech ass et eng familljefrëndlech Zombie-Serie mat vill Blutt an Träipen. Op jidder Fall kënnt d’Zombie-Apokalypse, wa se da kënnt, net aus der amerikanescher Mëttelklass.

Déi dräi Staffelen “Santa Clarita Diet” kann een op Netflix kucken.

D’Deeler aus “Zombie Shows”

Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op NetflixDeel 3: iZombie op NetflixDeel 4: Z-Nation op Netflix

D’Deeler aus “Science Fiction Serien”

Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon

Deel 4: Travelers op Netflix

Deel 5: Altered Carbon op Netflix

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO