Witzeg Serien (1)Sex Education (Netflix)

RTL Lëtzebuerg
Laachen ass déi beschte Medezin, gëtt gesot.

Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.

Den Otis Milburn ass en typeschen Teenager, genervt vun dem ganze Gedeessems iwwer Sex, zemools, wou seng Mamm och nach eng Sex-Therapeutin ass. Wat fir all Teenager jo total peinlech wär.

Wéi en allerdéngs mierkt, wéi wéineg Anung seng Matschüler iwwert hir eege Sexualitéit hunn, mécht hieneng Sex-Klinik op mam Maeve, wat aus aarme Verhältnisser kënnt. De Otis verknallt sech an d’Maeve, well hat esou selbstsécher ass. Allerdéngs fënnt hien eréischt méi spéit eraus, datt si a Wierklechkeet eleng an enger Roulotte wunnt, well hir Mamm si am Stach gelooss huet.

Gläichzäiteg léiere mer dem Otis säi beschte Kolleeg, den Eric kennen, deen an der Schoul kee Problem huet ze weisen, dat hie schwul ass, mä dee senger Famill awer nach näischt dovu gesot huet. An dann ass do och nach dem Otis seng Mamm, d’Jean, déi sech géint hire Wëllen an den Installateur, deen hire Spullstee sollt flécken, verléift.

D’Serie ass eng Mëschung aus Teenager Drama an witzegen Dialogen, déi eng Jugend weist déi, trotzdeem se mat Internet a soziale Medien grouss ginn ass, wou Sex ëmmer an iwwerall present ass, awer keng Anung huet vun mënschleche Bezéiungen an Léift.

Sex Education kann ee kucken op Netflix.

D’Deeler aus “Zombie Shows”

Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op NetflixDeel 3: iZombie op NetflixDeel 4: Z-Nation op NetflixDeel 5: Santa Clarita Diet op Netflix

D’Deeler aus “Science Fiction Serien”

Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon

Deel 4: Travelers op Netflix

Deel 5: Altered Carbon op Netflix

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO