Laachen ass déi beschte Medezin, gëtt gesot.

Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.

Fleabag ass eng jonk Fra, déi zu London lieft an net mat sech am rengen ass. Si mécht Schluss mat hirem Frënd, ënnert engem Virwand, fir ongestrooft mat anere Männer ze schlofen an drénkt vill ze vill. Se streit mat hirer Schwëster a klaut eng deier Skulptur, déi hirem Papp senger Frëndin gehéiert, just fir hir eng auszewëschen.

Et ass eréischt no e puer Episoden, datt ee mierkt, wat genee d’Ursaache fir dem Fleabag hiert Behuele sinn a firwat si net eens gëtt mat de Leit ronderëm sech.

D’Phoebe Waller-Bridge, déi d’Serie an d’Liewe geruff huet, spillt eng Fra, déi et net fäerdeg bréngt, hiert d’Liewen erëm an de Grëff ze kréien no engem traumateschen Tëschefall, fir dee si sech d’Schold gëtt. Dobäi kuckt si ëmmer erëm an d’Kamera, wéi wa se wéisst, datt mir, d’Zuschauer, hir nokucken a weist domat, wat genee si vun de Situatiounen a Leit ronderëm sech hält.

„Fleabag” lieft vun engem heiansdo ganz schwaarzen Humor, wou dacks just duerch e puer Wierder oder e Geste gewise gëtt, wéi d’Leit zouenee stinn a wéi séier een deen anere an der Roserei verletzen kann, souguer ouni et ze mierken.

Fleabag ass disponibel op Amazon.

D'Deeler aus "Witzeg Serien"

D'Deeler aus "Zombie Shows"

D'Deeler aus "Science Fiction Serien"

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"