Laachen ass déi beschte Medezin, gëtt gesot.

Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.

D’Midge Maisel ass eng jonk Hausfra aus der New New-Yorker jiddescher Upperclass, déi 1958 mat hirem Mann an hiren zwee Kanner zu Manhattan wunnt. Si ënnerstëtzt hire Mann, den Joel, deen daagsiwwer als Manager an enger Plastik Firma schafft, mä dovun dreemt, Stand-Up-Comedy ze maachen, andeems se him Witzer schreift.

Wéi säin éischten Optrëtt en totale flopp ass, decidéiert den Joel, dat seng Famill hie vu sengem Gléck ofhält a verléisst d’Midge fir seng Sekretärin. Rosen an alkoholiséiert, geet d’Midge zréck an de Club, an deem hien opgetrueden ass, a klëmmt op d’Bün, fir hirer Roserei Loft ze maachen. Domat huet si zwar immense Succès beim Public, mä gëtt festgeholl wéinst hirem "deplacéierten" Optrieden.

Nodeems hir Elteren se an de Prisong siche komm sinn, geet d’Midge erëm bei si heem wunnen, mat de Kanner, a fënnt eng Aarbecht als Vendeuse an engem grousse Geschäft. Mä Owes geet se weider an de Club, fir hir Witzer ze erzielen a virun engem ëmmer gréissere Publikum de Geck ze maachen iwwert hiert Liewen.

“The Marvelous Mrs Maisel” huet eng ganz Rei Präisser kritt, als Komedie, déi eriwwerkënnt wéi e Musical. D‘Dialoge ginn an engem spezielle Rhythmus geschwat, d’Kostümer an d’mise en scène si voller Faarwen an d’Themen, déi ugeschwat ginn, si modern ouni ze polemiséieren. Mä trotz där märchenhafter Aart a Weis gëtt et net onbedéngt en Happy End.

“The Marvelous Mrs Maisel” huet dräi Staffelen, déi op Amazon disponibel sinn.

D'Deeler aus "Witzeg Serien"

D'Deeler aus "Zombie Shows"

D'Deeler aus "Science Fiction Serien"

D'Deeler aus "Fantasy Serien"

D'Deeler aus "Weiblech Actionhelden"

D'Deeler aus "Romantesch Serien"

D'Deeler aus "Serien aus der gudder aler Zäit

D'Deeler aus "Serië fir e Marathon"

D'Deeler aus "Serien aus anere Kulturen"