Witzeg Serien (2)Fleabag (Amazon)

RTL Lëtzebuerg
Laachen ass déi beschte Medezin, gëtt gesot.

Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.

Fleabag ass eng jonk Fra, déi zu London lieft an net mat sech am rengen ass. Si mécht Schluss mat hirem Frënd, ënnert engem Virwand, fir ongestrooft mat anere Männer ze schlofen an drénkt vill ze vill. Se streit mat hirer Schwëster a klaut eng deier Skulptur, déi hirem Papp senger Frëndin gehéiert, just fir hir eng auszewëschen.

Et ass eréischt no e puer Episoden, datt ee mierkt, wat genee d’Ursaache fir dem Fleabag hiert Behuele sinn a firwat si net eens gëtt mat de Leit ronderëm sech.

D’Phoebe Waller-Bridge, déi d’Serie an d’Liewe geruff huet, spillt eng Fra, déi et net fäerdeg bréngt, hiert d’Liewen erëm an de Grëff ze kréien no engem traumateschen Tëschefall, fir dee si sech d’Schold gëtt. Dobäi kuckt si ëmmer erëm an d’Kamera, wéi wa se wéisst, datt mir, d’Zuschauer, hir nokucken a weist domat, wat genee si vun de Situatiounen a Leit ronderëm sech hält.

„Fleabag” lieft vun engem heiansdo ganz schwaarzen Humor, wou dacks just duerch e puer Wierder oder e Geste gewise gëtt, wéi d’Leit zouenee stinn a wéi séier een deen anere an der Roserei verletzen kann, souguer ouni et ze mierken.

Fleabag ass disponibel op Amazon.

D’Deeler aus “Witzeg Serien”

Deel 1: Sex Education op Netflix

D’Deeler aus “Zombie Shows”

Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op NetflixDeel 3: iZombie op NetflixDeel 4: Z-Nation op NetflixDeel 5: Santa Clarita Diet op Netflix

D’Deeler aus “Science Fiction Serien”

Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon

Deel 4: Travelers op Netflix

Deel 5: Altered Carbon op Netflix

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO