Witzeg Serien (4)Grace and Frankie (Netflix)

RTL Lëtzebuerg
Laachen ass déi beschte Medezin, gëtt gesot.

Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.

D’Grace an d’Frankie si keng Frëndinnen. Si kenne sech zanter Joren, well hir Männer, de Robert an de Sol, als Affekoten hir eegen Etüd hunn a wäit méi sinn, wéi nëmmen Aarbechtskolleegen.

Genee, wéi wäit méi wéi just Aarbechtskolleegen hir Männer sinn, ginn d’Grace an d’Frankie gewuer, wéi se alle véier zesummen iessen ginn. D‘Fraen hu sech nämlech erwaart, datt hir Männer endlech wëlles hunn, d’Pensioun ze huelen. Mä amplaz soen de Robert an de Sol hinnen, datt se zanter 20 eng Affär mateneen hunn, wëll se verléift anenee sinn. An dat se sech elo, wou gläichgeschlechtlecht Bestietnes endlech legal ass, wëlle vun hire Fraen trennen, fir sech ze bestueden.

Déi zwou Fraen, déi sech u sech ni richteg sympathesch waren, mussen elo zesummeliewe an engem Haus op der Plage, dat déi zwou Koppelen zesumme kaf haten. Mä trotzdeem, datt se esou verschidden sinn, fänke se u sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen a léieren domat ëmzegoen, datt hiert d’Liewen komplett op d’Kopp gehäit ginn ass, an engem Alter, an deem ee sech endlech wëll zur Rou setzen, fir vun der Zäit, déi engem nach bleift, ze profitéieren.

D’Jane Fonda an Lily Tomlin si wonnerbar als Fraen, déi net nëmme mat hirem neie Liewen, mä och mam Alter ze kämpfen hunn. D’Serie ass 2015 erauskomm an ass mat 7 Staffelen déi Sendung, déi am längsten op Netflix gelaf ass.

“Grace and Frankie” ass disponibel op Netflix.

D’Deeler aus “Witzeg Serien”

Deel 1: Sex Education op NetflixDeel 2: Fleaback op AmazonDeel 3: The Marvelous Mrs. Maisel

D’Deeler aus “Zombie Shows”

Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op NetflixDeel 3: iZombie op NetflixDeel 4: Z-Nation op NetflixDeel 5: Santa Clarita Diet op Netflix

D’Deeler aus “Science Fiction Serien”

Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon

Deel 4: Travelers op Netflix

Deel 5: Altered Carbon op Netflix

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO