Witzeg Serien (5)The Good Place (Netflix)

RTL Lëtzebuerg
Laachen ass déi beschte Medezin, gëtt gesot.

Natierlech ass et keen Heelmëttel géint en déidleche Virus, mä et kann een oflenke vun enger Welt, déi komplett verännert ass duerch eng Pandemie. Kee weess, wou dat alles nach higeet. Mä esou laang mer nach laache kënnen, ass alles nëmmen hallef esou schlëmm.

D’Eleanor Shellstrop ass dout. A well si haaptsächlech e gudde Mënsch war an als Affekot fir aner Mënsche gekämpft huet, kënnt si an déi “Gutt Plaz”. Do gëtt et just ee Problem: D’Eleanor Shellstrop war kee gudde Mënsch. An och keng Affekotin. D’Eleanor Shellstrop weess ganz genee, datt si en egoistesche Mënsch war an op der komplett falscher Plaz gelant ass.

Si kritt en “Seelenverwandten”, den Chidi Anagonye, deen Ethikprofesser war, wéi en nach gelieft huet. A wéi d’Eleanor him erzielt, datt si net déi Persoun ass, fir déi se gehale gëtt, kritt hie sech net decidéiert, ob hie se soll verroden oder net. Duerfir akzeptéiert hien dem Eleanor seng Propositioun, datt hien hir soll bäibréngen, wéi se e bessere Mënsch ka ginn.

Mä e gudde Mënsch ze ginn, ass méi schwéier, wéi geduecht, zemools, wann ee wéi d’Eleanor seng Nopesch Tahani e Snob a arrogant fënnt a se duerfir net kann ausstoen. Oder wann een erausfënnt, dat dem Tahani hiren “Seelenverwandten” den Jianyu Li, net e buddhistesche Mënch, mä a Wierklechkeet en DJ a Klengkriminelle war, also och guer net an déi „Gutt Plaz“ gehéiert.

D’Iddi vun “The Good Place” ass zwar witzeg, mä net esou witzeg, datt ee sech an engem Stéck misst futti laachen. Wat d’Serie interessant mécht, sinn déi philosophesch Froen, déi se stellt. Wéi definéiert ee gutt oder béis? Wéini ass e Mënsch gutt oder schlecht a kann e sech änneren? Eng Rei grouss Philosophe kommen zu Wuert um Eleanor hirem Wee zu engem bessere Mënsch, deen et verdéngt an der „Gudder Plaz“ ze liewen. Bis zum Schluss, wou alles sech ännert.

Déi éischt zwou Staffelen vun „The Good Place” kann een op Netflix kucken.

D’Deeler aus “Witzeg Serien”

Deel 1: Sex Education op NetflixDeel 2: Fleaback op AmazonDeel 3: The Marvelous Mrs. MaiselDeel 4: Grace and Frankie op Netflix

D’Deeler aus “Zombie Shows”

Deel 1: Fear the Walking Dead op AmazonDeel 2: Black Summer op NetflixDeel 3: iZombie op NetflixDeel 4: Z-Nation op NetflixDeel 5: Santa Clarita Diet op Netflix

D’Deeler aus “Science Fiction Serien”

Deel 1: Orphan Black op NetflixDeel 2: Sense8 op NetflixDeel 3: The Man in the high Castle op Amazon

Deel 4: Travelers op Netflix

Deel 5: Altered Carbon op Netflix

D’Deeler aus “Fantasy Serien”

Deel 1: Good Omens op AmazonDeel 2: Diablero op NetflixDeel 3: Carnival Row op AmazonDeel 4: The Witcher op NetflixDeel 5: Emerald City op Amazon

D’Deeler aus “Weiblech Actionhelden”

Deel 1: Absentia op AmazonDeel 2: Killing Eve op Apple +Deel 3: The Fall op NetflixDeel 4: Queen of the south op NetflixDeel 5: Homeland op Amazon

D’Deeler aus “Romantesch Serien”

Deel 1: Most Beautiful Thing op Netflix

Deel 2: Gran Hotel op NetflixDeel 3: Outlander op Netflix

Deel 4: Spinning Out op Netflix

Deel 5: Home for Christmas op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus der gudder aler Zäit

Deel 1: The Alienist op NetflixDeel 2: Las Chicas del Cable op NetflixDeel 3: Mad Men op NetflixDeel 4: Brigada Costa del Sol op Netflix

Deel 5: The Americans op Netflix an Amazon

D’Deeler aus “Serië fir e Marathon”

Deel 1: Supernatural op AmazonDeel 2: The good Wife op AmazonDeel 3: Shameless op AmazonDeel 4: House M.D. op AmazonDeel 5: Star Trek: The Next Generation op Netflix

D’Deeler aus “Serien aus anere Kulturen”

Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op AmazonDeel 5: Korea: Vagabond op Netflix

Back to Top
CIM LOGO